Internationalen Olympesche Kommitee
Internationalen Olympesche Kommitee | |
---|---|
![]() | |
Ofkierzung | IOK (IOC) |
Zweck | Organisatioun an Ënnerstëtzung vun den Olympesche Spiller |
Grënnungsdatum | 23. Juni 1894 |
Memberen | 206 national olympesch Kommiteeën |
Sëtz |
Lausanne![]() |
Presidentin | Kirsty Coventry |
Websäit | olympics.com/ioc |
![]() |

Den Internationalen Olympesche Kommitee (gekierzt IOK, (fr) Comité international olympique - CIO, (en) International Olympic Committee - IOC; am Lëtzebuergeschen och als englesch Ofkierzung IOC bekannt) ass eng Netregierungsorganisatioun an der legaler Form vun enger Associatioun, déi hire Sëtz zu Lausanne an der Schwäiz huet.
Den Zweck vum IOK, deen aus bis 206 reguläre Memberen (déi national olympesch Kommiteeën - NOK) besteet, ass d'Organisatioun an d'Ënnerstëtzung vun de modernen Olympesche Spiller. En huet de Patronage iwwer d'olympesch Beweegung a huet all d'Rechter op den olympesche Symboler, wéi de Fändel, d'Mottoen an d'Hymn, souwéi och op d'Spiller selwer. Seng Haaptverantwortung ass d'Iwwerwaachung an d'Organisatioun vun den olympesche Summer- a Wanterspiller.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Organisatoresch Struktur
[änneren | Quelltext änneren]D'Gestioun, all Resolutiounen an all Decisioune vum IOK sinn op dräi Organer verdeelt.
- President
- IOC Executive Board (Exekutivkommissioun)
- IOC Session (Generalversammlung)
D'Verwaltung vum IOK gëtt vum Generaldirekter (zënter 2020: Christophe De Kepper) geleet, dee vun der Exekutivkommissioun op Propositioun vum President ernannt gëtt.
An der Verwaltung vum IOK schaffe ronn 500 Leit.
Numm | Staat | Zäit |
---|---|---|
Dimitrios Vikelas | ![]() |
1894-1896 |
Pierre de Coubertin | ![]() |
1896-1916 |
Godefroy de Blonay | ![]() |
1916-1919 |
Pierre de Coubertin | ![]() |
1919-1925 |
Henri de Baillet-Latour | ![]() |
1925-1942 |
Sigfrid Edström | ![]() |
1946-1952 |
Avery Brundage | ![]() |
1952-1972 |
Michael Morris | ![]() |
1972-1980 |
Juan Antonio Samaranch | ![]() |
1980-2001 |
Jacques Rogge | ![]() |
2001-2013 |
Thomas Bach | ![]() |
2013-2025 |
Kirsty Coventry | ![]() |
zënter 2025 |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Internationalen Olympesche Kommitee – Biller, Videoen oder Audiodateien |